Op der Weltmeeschterschaft zu Bruges an der Belsch hunn d'Alena Ivanchenko an de Gustav Wang Gold gewonnen.

Bei de Juniorinnen an de Juniore stoungen en Dënschdeg bei der Cyclissem-Weltmeeschterschaft d'Zäitfueren iwwer 19,3 respektiv 22,3 Kilometer um Programm.

D'Lëtzebuergerin Marie Schreiber hat e Retard vun 3 Minutten a 45 Sekonnen op déi nei Weltmeeschterin Alena Ivanchenko aus Russland. Och nach um Podium stinn d'Zoe Backstedt aus Groussbritannien an d'Antonia Niedermaier aus Däitschland.

Beschte Lëtzebuerger bei de Juniore war de Mathieu Kockelmann als 27. mat enger Minutt an 41 Sekonne Retard ginn. Den Noé Ury ass 60. op 2 Minutten an 42 Sekonne ginn. Gold war fir de Gustav Wang. Hei gëtt de Podium nach vum Joshua Taling aus Groussbritannien a vum Alec Segaert aus der Belsch komplettéiert.