De Weekend gouf zu Wolz d'Mountainbike-Championnat organiséiert.

Bei den Häre konnt sech de Philipp Bützow den Titel sécheren. Hien hat um Enn eng Avance vun iwwer 2 Minutten op de Pol Weisgerber. Als Drëtte stoung de Jacques Dahm um Podium. Hien hat e Retard vu knapp 4 Minutten.

Bei den Damme war d'Fabienne Schaus déi Séierst. Su huet sech mat enger Avance vu bal 10 Minutte virum Carmen Coljon behaapt.

Bei den Espoire war den Titel fir d'Nina Berton an de Mats Wenzel.

Bei de Juniore konnte sech d'Marie Schreiber an de Kim Bintz duerchsetzen.

Bei den Debutant waren d'Anouk Schmitz an den Noa Berton déi Bescht.

Klickt hei, fir op déi komplett Resultater ze kommen.