Duerch seng zweete Plaz bei der Elite konnt sech de Loïc Bettendorf iwwerdeems nach d'Victoire bei den Espoire sécheren.

Beim Cyclocross vum UC Dippech zu Schuller gouf et bei der Elite eng Victoire fir de Belsch Thomas Verheyen. Beschte Lëtzebuerger war de Loïc Bettendorf, dee sech duerch seng zweete Plaz och d'Victoire bei den Espoire séchere konnt.

Bei de Juniore gouf et iwwerdeems eng Victoire fir de Mil Morang virum Mats Berns a bei den Damme war déi éischte Plaz um Podium fir d'Lotte Baele aus der Belsch virum Maïté Barthels.