De Franck Bonnamour ass als 2. iwwer d'Arrivée gefuer an de Jasper Stuyven beleet déi 3. Plaz. Als beschte Lëtzebuerger ass de Bob Jungels den 21. ginn.

Iwwer gutt 212 Kilometer ass et fir d'Coureuren bei Paris-Tours op enger Streck mat e puer Koppe vu Chartres op Tours gaangen.

Ronn 40 Kilometer virun der Arrivée huet sech eng Echappée mat de Coureure Stan Dewulf (AG2R Citroën), Franck Bonnamour (B&B Hotels p/b KTM) a Frederik Frison (Lotto Soudal) ofgesat. De Frison huet awer 13 Kilometer viru Schluss ee Platte krut, sou dass den Dewulf an de Bonnamour eleng un der Spëtzt waren. Ronn 3 Kilometer méi spéit huet den Arnaud Démare (Groupama-FDJ) aus dem Grupp vun de Poursuivanten eraus attackéiert, wou just de Jasper Stuyven (Trek-Segafredo) nach konnt matgoen.

Bal 350 Meter virun der Arrivée sinn déi 2 Coureuren un der Spëtzt dunn nach ageholl ginn, an um Enn konnt den Démare de Sprint virum Bonnamour an dem Stuyven fir sech entscheeden.

De Bob Jungels ass als 21. op 40 Sekonnen iwwer d'Arrivée gefuer, woumat hien de beschte Lëtzebuerger ass. De Jempy Drucker ass den 42. ginn an den Alex Kirsch den 52., alle béid op 2 Minutten an 20 Sekonnen. Den Tom Wirtgen ass op 14 Minutten a 16 Sekonnen den 111. ginn a säi Brudder Luc mat der selwechter Zäit den 114..

D'Klassement

RTL

© Screenshot