Bei der Eendagescourse an Holland huet sech d'Wiebes virun den Italienerinnen Elena Cecchini an Eleonora Gasparrini behaapt.

Bei der Ronde van Drenthe am Cyclissem gouf et e Samschdeg eng Victoire fir d'Hollännerin Lorena Wiebes. Si huet sech bei der Eendagescourse no 159 Kilometer tëscht Assen an Hoogeveen virun den Italienerinnen Elena Cecchini an Eleonora Gasparrini duerchgesat.

D'Christine Majerus ass als 38. mat engem Retard vu 7 Minutten an 42 Sekonnen iwwert d'Arrivée gefuer.

D'Klassement

1 WIEBES Lorena Team DSM 4:07:34
2 CECCHINI Elena SD Worx ,,
3 GASPARRINI Eleonora Camilla Valcar - Travel & Service ,,
4 CHABBEY Elise Canyon SRAM Racing ,,
5 MACKAIJ Floortje Team DSM ,,
6 GEORGI Pfeiffer Team DSM ,,
7 KOCH Franziska Team DSM 0:06
8 ANDERSEN Susanne Team DSM 1:15
9 CONSONNI Chiara Valcar - Travel & Service ,,
10 KESSLER Nina Team TIBCO - SVB ,,
...
38 MAJERUS Christine SD Worx 7:42