Hei am Land gëtt an der Wantersaison quasi all Weekend e Cyclocross gefuer.

Dacks sinn et ëmmer nees déi selwecht Veräiner mat hire Benevollen, déi dës Coursen organiséieren. Zu Munneref ass dat e Sonndeg nees de Fall, wou d'Vëlosfrënn mat hirer klenger Ekipp vill geschafft hunn, fir de Coureuren a Spectateuren e flotte Cross ze bidden. Den Tom Flammang huet hinne bei de Virbereedungen iwwer d'Schëller gekuckt.

E Samschdeg de Mëtteg géint 14 Auer zu Munneref. De Patrick Nockels a seng Ekipp vu Kolleegen aus dem Veräi bei de leschte Preparatioune fir e Sonndeg. De Gros vun der Aarbecht gouf schonn an de leschten Deeg gemaach. De ganze Projet op engem neie Site huet vill méi laang geräift.

Op deem 2,2 Kilometer laange Parcours gouf e Samschdeg de Mëtteg scho vill trainéiert. De Circuit ass séier a versprécht spannend Courssen. D'Ekipp huet sech vill Méi ginn och wann de President selwer de Vëlossport net an d'Wéi geluecht krut, mee fréier Bodybuilder war.

A jiddwer Kategorie, déi e Sonndeg fiert, gëtt et eng Primm, eppes wat dem Veräi besonnesch um Häerz läit.

E Sonndeg nom leschte Cross heescht et dann och nees alles ofrappen an de Site raumen. Dat alles nodeems de President och selwer seng 40 Minutte bei de Masters gefuer ass.