Bei den Damme gouf et eng Victoire fir d'Denise Betsema a bei den Hären huet den Toon Aerts gewonnen.

E Sonndeg ass zu Zonhoven an der Belsch déi véiert Manche vum Cyclocross-Weltcup gefuer ginn. Bei den Damme war mam Marie Schreiber eng Lëtzebuergerin um Depart. Si ass déi 34. op zwee Tier ginn. Gewonne gouf d'Course vun der Hollännerin Denise Betsema. Um Podium stoungen nach hir zwou Landsfraen Lucinda Brand a Ceylin Alvarado. Si haten e Retard vu 46 Sekonnen respektiv enger Minutt an 8 Sekonnen.

Bei den Häre war d'Victoire fir den Toon Aerts aus der Belsch. De Lars van der Haar aus Holland ass mat engem Retard vun 10 Sekonnen als Zweeten iwwert d'Arrivée gefuer. Um Podium stoung nach de Belsch Eli Iserbyt. Hien hat e Réckstand vu 14 Sekonnen.

D'Resultat vun den Dammen

1. BETSEMA Denise PAUWELS SAUZEN - BINGOAL
NED 1993 47:44
2. BRAND Lucinda BALOISE TREK LIONS
NED 1989 +0:46
3. ALVARADO Ceylin del Carmen ALPECIN - FENIX
NED 1998 +1:08
4. PIETERSE Puck ALPECIN - FENIX
NED 2002 +1:20
5. VAN EMPEL Fem PAUWELS SAUZEN - BINGOAL
NED 2002 +1:35
6. VAN ANROOIJ Shirin BALOISE TREK LIONS
NED 2002 +1:36
7. VAN DER HEIJDEN Inge 777
NED 1999 +2:14
8. BURQUIER Line A.S BIKE CROSSTEAM
FRA 2003 +2:20
9. KASTELIJN Yara aIKO - CRELAN
NED 1997 +2:46
10. ARZUFFI Alice Maria VALCAR - TRAVEL & SERVICE
ITA 1994 +2:57
...
34. SCHREIBER Marie TORMANS CYCLO CROSS TEAM
LUX 2003 LAP-2

D'Resultat vun den Hären

1. AERTS Toon BALOISE TREK LIONS
BEL 1993 58:58
2. VAN DER HAAR Lars BALOISE TREK LIONS
NED 1991 +0:10
3. ISERBYT Eli PAUWELS SAUZEN - BINGOAL
BEL 1997 +0:14
4. SWEECK Laurens PAUWELS SAUZEN - BINGOAL
BEL 1993 +0:19
5. HERMANS Quinten TORMANS CYCLO CROSS TEAM
BEL 1995 +0:26
6. VANTHOURENHOUT Michael PAUWELS SAUZEN - BINGOAL BEL 1993 +0:37
7. SOETE Daan DaanCX TEAM DESCHACHT-GROUP HENS-CONTAINERS MAES BEL 1994 +1:12
8. VAN KESSEL Corne TORMANS CYCLO CROSS TEAM
NED 1991 +1:22
9. VANDEBOSCH Toon PAUWELS SAUZEN - BINGOAL
BEL 1999 +1:33
10. RONHAAR Pim BALOISE TREK LIONS NED 2001 +1:52