E Sonndeg ass zu Munneref de regionale Cyclocross gefuer ginn.

De Sascha Weber huet e Sonndeg de Cyclocross zu Munneref gewonnen. Den Däitschen hat eng Avance vu 6 Sekonnen op den Thomas Verheyen aus der Belsch. De Raphaël Kockelmann ass als Drëtte mat engem Réckstand vun 39 Sekonnen iwwert d'Arrivée gefuer an ass domadder och beschte Lëtzebuerger ginn.

Bei den Damme war d'Victoire fir d'Hollännerin Femke Gort. Si huet mat enger Avance vu 45 Sekonne virun der Lëtzebuergerin Isabelle Klein duerchgesat. Op de Podium ass nach d'Nina Berton gefuer. Si hat e Retard vun 59 Sekonnen.

Bei den Debutants war d'Victoire fir de Rick Meylender, dat virum Jonah Flammang-Lies. Bescht Meedche war d'Lisi Schmitz. Op déi zweete Plaz ass d'Emilia Sabbatini gefuer.

Bei de Junioren huet sech den Noa Berton behaapt. Op déi zweete Plaz ass de Mats Berns gefuer.

A bei de Masters war den Olivier Paderhuber de Beschten. Hien huet sech virum Raphael Pierron duerchgesat.