D’Lëtzebuergerin Marie Schreiber ass iwwerdeems net am Zil ukomm.

E Sonndeg war zu Overijse an der Belsch déi fënneft Manche vum Cyclocross-Weltcup. No fënnef Tier ass bei den Dammen um Enn d’Ungarin Kata Blanka Vas als Éischt iwwert de Stréch gefuer. Komplettéiert gëtt de Podium vun den zwou Hollännerinnen Puck Pieterse a Lucinda Brand, déi mat engem Retard vu 15 respektiv vun 33 Sekonnen ukomm sinn.

Mam Marie Schreiber, dat e Samschdeg den internationalen Cyclocross zu Conter gewonnen hat, dem Maïté Barthels an dem Layla Barthels waren och dräi Lëtzebuergerinnen um Depart. Wärend d’Marie Schreiber d’Course net fäerdeg gefuer ass, sinn d’Maïté Barthels (-1 Tuer) an d’Layla Barthels (-3 Tier) als 51. respektiv als 55. klasséiert ginn.

Bei den Häre war et iwwerdeems de Belsch Eli Iserbyt, dee sech d’Victoire konnt sécheren. Hien ass mat engem Virsprong vun 9 respektiv vu 26 Sekonnen op seng béid Landsleit Michael Vanthourenhout an Toon Aerts iwwer d’Arrivée gefuer. Domat kann hie scho seng 3. Victoire fir dës Saison feieren.

De Lëtzebuerger Cédric Pries ass als 42. (-1 Tuer) klasséiert ginn.

D’Resultat vun den Dammen

1. VAS Kata Blanka TEAM SD WORX 48:07
2. PIETERSE Puck ALPECIN - FENIX +15
3. BRAND Lucinda BALOISE TREK LIONS +33
4. BETSEMA Denise PAUWELS SAUZEN - BINGOAL +33
5. HONSINGER Clara CANNONDALE/CYCLOCROSSWORLD +44
6. BURQUIER Line A.S BIKE CROSSTEAM +53
7. KASTELIJN Yara IKO - CRELAN +1:24
8. VAN ANROOIJ Shirin BALOISE TREK LIONS +1:36
9. PERSICO Silvia VALCAR - TRAVEL & SERVICE +1:52
10. FOUQUENET Amandine ARKEA PRO CYCLING TEAM +1:52
...
51. BARTHELS Maïté ANDY SCHLECK - CP NVST - IMMO LOSCH -1 Tuer
55. BARTHELS Layla -3 Tier

D’Resultat vun den Hären

1. ISERBYT Eli PAUWELS SAUZEN - BINGOAL 1:00:28
2. VANTHOURENHOUT Michael PAUWELS SAUZEN - BINGOAL +9
3. AERTS Toon BALOISE TREK LIONS +26
4. SWEECK Laurens PAUWELS SAUZEN - BINGOAL +46
5. HERMANS Quinten TORMANS CYCLO CROSS TEAM +1:02
6. VAN DER HAAR Lars BALOISE TREK LIONS +1:11
7. VAN KESSEL Corne TORMANS CYCLO CROSS TEAM +1:23
8. VANDEPUTTE Niels ALPECIN - FENIX +1:53
9. MASON Cameron TRINITY RACING +1:58
10. KAMP Ryan PAUWELS SAUZEN - BINGOAL +2:26
...
42. PRIES Cédric LEOPARD PRO CYCLING -1 Tuer