Bei den Damme war bei der Elite Isabelle Klein dat séierst, iwwerdeems Nina Verton bei den Espoire gewonnen huet. Layla Barthels ass bescht Juniorin.

Um Sonndeg gouf e regionale Cyclocross zu Téiteng gefuer. De Cross ass vum neie Vëlosveräin Keeldall organiséiert ginn.

De Raphael Kockelmann ka sech d'Victoire bei der Elite sécheren. Hie gewënnt mat 16 Sekonne Virsprong virum Ken Conter an 24 Sekonne virum Scott Thiltges. Als beschten Espoir klasséiert sech de Pol Breser als 7ten.

Bei de Juniore gouf et eng Victoire vum David Land vum CT Atertdall. Hie ka sech géint säin Team-Kolleeg Noa Berton a Juan van Lelyveld duerchsetzen.

Iwwerdeems ka sech de Christian Weyland bei de Masters vum Toproad Réiserbann virum Tom Flammang behaapten. Als drëtte klasséiert sech de Mario Matijevic.