E Sonndeg gouf zu Hulst an Holland eng Manche vum Cyclocross-Weltcup gefuer. Gewonnen huet d'Lucinda Brand an den Thomas Pidcock bei den Hären.

Een Dag no hirer Victoire beim Internationale Cyclocross zu Péiteng ass d'Christine Majerus beim Weltcup zu Hulst op déi 24. Plaz gefuer. D'Lëtzebuerger Championne hat e Retard vu 4 Minutten a 14 Sekonnen op d'Gewënnerin Lucinda Brand aus Holland.

Um Podium stoungen nach déi zwou Hollännerinnen Puck Pieters an Annemarie Worst.

D'Marie Schreiber ass als 25. 16 Sekonnen hannert dem Majerus iwwert d'Arrivée gefuer.

Iwwerdeems huet sech bei de Männer den Thomas Pidcock géint seng Konkurrenten duerchgesat. De Britt hat am Zil e Virsprong vun 12 Sekonnen op de Belsch Eli Iserbyt. Den Hollänner Lars van der Haar fiert mat 33 Sekonne Retard op de Pidcock als 3. iwwert de wäisse Stréch.

D'Resultat vun den Dammen

1. Lucinda Brand
2. Puck Pieters +0:05
3. Annemarie Worst +0:11
4. Blanka Kata Vas +0:14
5. Fem van Empel +0:26
6. Marianne Vos +0:37
7. Denise Betsema +0:43
8. Shirin van Anrooij +1:08
9. Inge van der Heijden + 1:46
10. Alicia Franck + 1:52
...
24. Christine Majerus +4:14
25. Marie Schreiber +4:30

D'Resultat vun den Hären

1. Thomas Pidcock
2. Eli Iserbyt +0:12
3. Lars van der Haar +0:33
4. Wout van Aert +1:09
5. Toon Aerts +1:30
6. Michael Vanthourenhout +1:41
7. Quinten Hermans +1:48
8. Laurens Sweeck +1:57
9. Vincent Baestaens +2:08
10. Toon Vandebosch +2:11