E Méindeg am Nomëtteg huet de Lëtzebuerger Cyclist op Twitter offiziell matgedeelt, datt hie senger Karriär een Enn setzt.

Jempy Drucker/Reportage Franky Hippert

Bei sengem Post gëtt de Jempy Drucker Erklärungen, wat hien zu dësem Schratt beweegt huet. De 35 Joer ale Lëtzebuerger huet erkläert, datt hie léiwer mat bessere Resultater opgehalen hätt. Déi lescht Méint wieren extrem schwéier gewiescht, dat virun allem och wéinst der Corona-Situatioun. Weider huet de Jempy Drucker jidderengem, deen hien op sengem Wee begleet huet, en décke Merci gesot.

De Jempy Drucker ass wärend senger Karriär ënnert anerem fir Wanty - Groupe Gobert, BMC, Bora-hansgrohe a Cofidis gefuer. Hien ass eemol beim Giro an dräimol bei der Vuelta un den Depart gaangen. A senger Profi-Karriär kënnt hien am Ganzen op 6 Victoiren, dorënner zwou beim Tour de Luxembourg an och eng bei der Vuelta.

Beim Tour de Luxembourg koum hien dann och eemol op déi zweete Plaz am General. De Jempy Drucker war da virun allem och ëmmer als wichtegen Teamkomerod fir seng Leadere bekannt a konnt bei de Klassiker ëmmer nees seng Stäerkten ënner Beweis stellen.

Och am Cyclocross kann de Jempy Drucker op eng erfollegräich Karriär zeréckkucken. Ënnert anerem war hien 2006 op der WM bei den Espoiren op déi 8. Plaz komm.

De Jempy Drucker am Interview