De Kolumbianer krut e Méindeg mat sengem Vëlo e Bus ze paken a soll sech ënnert anerem ee Wierbel, d'Knéischeif an den Uewerschenkel gebrach hunn.

Den Tour-de-France-Vainqueur vun 2019 gouf schonns operéiert a soll op d'mannst 72 Stonnen op der Intensivstatioun bleiwen. Säin Zoustand wier stabil, sou d'Aussoe vu senger Ekipp Ineos.

Den Ament géif een drop waarden, dass d'Doktere mat der Broschtwierbel-Operatioun fäerdeg sinn. Dono géing et méi Informatioune ginn.