D'Etapp gëtt vun der Amerikanerin Veronica Ewers gewonnen. D'Christine Majerus fiert als Véiert iwwer d'Arrivée a gëtt 21. am General.

Op der leschter Etapp vum Festival Elsy Jacobs, déi vu Garnech op Garnech iwwer 109 km gaangen ass, konnt sech d'Veronica Ewers en solitaire duerchsetzen. Um Enn hat si eng Avance vun aacht Sekonnen op d'Marta Bastianelli, déi sech am Sprint aus engem klenge Grupp eraus behaapt huet. D'Italienerin séchert sech domadder och d'Schlussvictoire. Als Drëtt ass e Sonndeg d'Karlijn Swinkels aus Holland iwwert d'Arrivée gefuer.

Am General huet d'Bastianelli no dräi Deeg eng Avance vun 9 Sekonnen op d'Veronica Ewers a 16 Sekonnen op d'Silvia Persico.

D'Christine Majerus ass eng ganz staark Course gefuer an huet vir un der Spëtzt vum Peloton vill Aarbecht fir hir Leaderin Demi Vollering geleescht. D'Lëtzebuerger Championne klasséiert sech um Schluss als Véiert vun der Etapp a kënnt am Schlussklassement op déi 21. Plaz.

Déi aner Lëtzebuergerinnen Nina Berton an Isabelle Klein klasséiere sech op der leschter Etapp als 48. resp. 61. Am General sinn et d'Plazen 59 a 65.

De Festival Elsy Jacobs goung iwwer dräi Deeg. De Prolog gouf e Freideg vum Anna Henderson gewonnen an déi éischt Etapp goung un d'Marta Bastianelli.

D'Klassement vun der Etapp

1 EWERS Veronica 2:56:10
2 BASTIANELLI Marta 0:08
3 SWINKELS Karlijn ,,
4 MAJERUS Christine ,,
5 BARIL Olivia ,,
6 ADEGEEST Loes ,,
7 HARVEY Mikayla ,,
8 FISHER-BLACK Niamh ,,
9 MARTURANO Greta ,,
10 BOOGAARD Maaike 0:13
...
48 BERTON Nina 5:19
61 KLEIN Isabelle 5:19

D'Generalklassement

1 BASTIANELLI Marta 6:12:31
2 EWERS Veronica 0:09
3 PERSICO Silvia 0:16
4 VOLLERING Demi ,,
5 BERTIZZOLO Sofia 0:19
6 SWINKELS Karlijn 0:20
7 BARIL Olivia 0:27
8 BOOGAARD Maaike ,,
9 HARVEY Mikayla ,,
10 ROOIJAKKERS Pauliena 0:29
...
21 MAJERUS Christine 1:09
59 BERTON Nina 7:35
65 KLEIN Isabelle 9:01