An engem spannende Finish hat den Ir déi séierst Been a gewënnt viru Gaviria a Kristoff bei der Eendagescourse ronderëm Frankfurt.

Bei der 61. Editioun vum Klassiker Eschborn-Frankfurt gewënnt de Sam Bennett virum Kolumbianer Fernando Gaviria an dem Alexander Kristoff aus Norwegen.

D'Course war vun e puer Echappéeë gepräägt, déi daper probéiert haten, sech eng Avance erauszefueren, mee hir Attacke waren um Enn net vun Erfolleg gekréint.

Op Lëtzebuerger Säit war den Tom Wirtgen mat um Depart a klasséiert sech als 47. an der selwechter Zäit wéi de Gewënner.

D'Klassement vun der Course

1 BENNETT Sam 4:27:52
2 GAVIRIA Fernando ,,
3 KRISTOFF Alexander ,,
4 BAUHAUS Phil ,,
5 VAN POPPEL Danny ,,
6 THEUNS Edward ,,
7 DE LIE Arnaud ,,
8 CONSONNI Simone ,,
9 ALLEGAERT Piet ,,
10 MANZIN Lorrenzo ,,