De Menno Huising gewënnt déi drëtt Etapp am Sprint virum Emil Herzog an dem Antonio Morgado. De Mathieu Kockelmann klasséiert sech als Sechsten.

Op der drëtter Etapp iwwer 121 km vun Teplice op Olbernhau huet de Lëtzebuerger Junior Mathieu Kockelmann säi Leader-Trikot mussen ofginn, nodeems den Zweeten am General, den Emil Herzog um Samschdeg als Zweeten iwwer d'Arrivée gefuer ass an dem Lëtzebuerger 1'56'' ofgeholl huet.

Am Generalklassement ass de Mathieu Kockelmann elo de Véierten mat 1'49'' Retard op den neie Leader Emil Herzog aus Däitschland.

Muer ass déi lescht Etapp vun Terezin op Terezin.

D'Klassement vun der Course

1 HUISING Menno 3:05:19
2 HERZOG Emil ,,
3 MORGADO António ,,
4 NORDHAGEN Jørgen ,,
5 GRUEL Thibaud 1:54
6 KOCKELMANN Mathieu 1:57
7 VAN MECHELEN Vlad ,,
8 ISIDORE Noa ,,
9 RAGILO Frank Aron ,,
10 BOZZOLA Mirko ,,

D'Generalklassement

1 HERZOG Emil 7:10:20
2 MORGADO António 0:29
3 NORDHAGEN Jørgen 0:35
4 KOCKELMANN Mathieu 1:49
5 EGHOLM Kristian 2:23
6 NOVÁK Pavel 2:25
7 VLOT Mees 2:32
8 VAN MECHELEN Vlad ,,
9 GROß Matteo 2:35
10 RAGILO Frank Aron 2:36