E Freideg fänkt zu Kopenhagen den Tour de France un. Bei der Ekipp Bahrain-Victorius gouf et den Dag virdrun eng Perquisitioun, déi 2 Stonne gedauert huet.

D‘Ekipp huet matgedeelt, datt näischt Illegales fonnt gouf. Schonns Ufank vun der Woch goufen et Perquisitiounen an de Wunnenge vu verschiddene Membere vun der Ekipp.