AG2R-Citroën huet en Donneschdeg de Mëtteg matgedeelt, datt de Lëtzebuerger Champion am Zäitfuere beim Tour de France dierf un den Depart goen.

Bei engem PCR-Test, deen en Donneschdeg de Moie gemaach gouf, ass festgestallt ginn, datt de Coureur vun AG2R-Citroën net ustiechend wier.

Domadder ginn dann elo sécher dräi Lëtzebuerger un den Depart vun der Grande Boucle. Et sinn dat de Bob Jungels, den Alex Kirsch an de Kevin Geniets.

Den Tour de France kënnt Dir live op RTL Tëlee an op RTL.lu am Stream kucken. E Mëttwoch den Owend goufen d'Ekippe presentéiert. Um RTL Play fannt Dir de Replay.