De Lëtzebuerger Zäitfuerchampion hat als 12. e Réckstand vun 23 Sekonnen op de Gewënner.

E Freideg war zu Kopenhagen an Dänemark déi 1. Etapp vum Tour de France 2022. Beim Optakt huet een Zäitfueren iwwer 13,2 Kilometer op d'Coureure gewaart. Bei naasse Wiederkonditiounen huet sech de Belsch Yves Lampaert d'Victoire an de Giele Maillot geséchert. Hien hat eng Avance vu 5 Sekonnen op de Belsch Wout van Aert a 7 Sekonnen op de grousse Favorit op d'Schlussvictoire Tadej Pogacar.

De Lëtzebuerger Zäitfuerchampion Bob Jungels huet eng staark Leeschtung gewisen. Als 12. hat hien e Réckstand vun 23 Sekonnen. De Kevin Geniets ass den 72. op 58 Sekonne ginn. Fir den Alex Kirsch war et déi 172 Plaz op zwou Minutten a 24 Sekonnen.

Replay vun der Etapp

Resultat

General