Dat huet d’Vëlosfederatioun um Mëttwoch offiziell matgedeelt.

De fréiere Profi soll Aufgaben esouwuel op der Strooss wéi och am Cyclocross iwwerhuelen. Bis dat leschte Joer ass de Jempy Drucker nach fir déi franséisch Formatioun Cofidis gefuer.

Den 20. Januar hat d'Federatioun matgedeelt, dass de Kontrakt mam Christian Swietlek net géif verlängert ginn. Hie war 12 Joer laang Nationaltrainer an zanter dem 1. Februar hat d'FSCL keen Nationaltrainer méi.