D'Lëtzebuerger Tom a Luc Wirtgen beleeën op der leschter Etapp vum Arctic Race of Norway d'Plazen 19 a 97.

Bei der néngter Editioun vum Arctic Race of Norway gewënnt den Norweeger Andreas Leknessund vum Team DSM en solitaire déi lescht Etapp ronderëm Trondheim. Zweete gëtt den Italieener Nicola Conci, virun enger Grupp vu véier Coureuren, an där den Hugo Houle aus Kanada dee Séierste war.

Duerch déi fënneft Victoire a senger Karriär huet sech de Leknessund och de General geséchert. Hie mécht e Sprong vun 23 Plazen a gewënnt d'Rondonnée duerch Norwegen virum Hugo Houle aus Kanada an dem Nicola Conci.

Op der leschter Etapp iwwer 159 km klasséiere sech de Luc Wirtgen als 19. an den Tom Wirtgen gëtt a sengem 200. Asaz fir d'Ekipp Bingoal Pauwels de 97.

Am Generalklassement beleeën déi zwee Lëtzebuerger déi 49. (Luc Wirtgen, +8'52'') respektiv déi 74. Plaz (Tom Wirtgen, +19'01'').