Op der 55. Editioun vum Tour du Limousin ass et en Dënschdeg vu Verneuil-sur-Vienne op La Souterraine gaangen. Och de Kevin Geniets war am Asaz.

Op der 176,4 Kilometer laanger Etapp konnt sech de 36 Joer ale Fransous JulienSimon viru senger Konkurrenz am Sprint duerchsetzen an als Éischten iwwert de wäisse Stréch fueren. Als Zweete konnt den Italiener MatteoTrentin op der Ligne d'Arrivée ukommen. Déi drëtt Plaz geet iwwerdeems un de Spuenier AlexAranburu. Dobäi sinn allebéid Coureuren zäitgläich mam Vainqueur iwwert de wäisse Stéch gefuer.

De Lëtzebuerger KevinGeniets ass iwwerdeems eng gutt Etapp gefuer a kënnt als 9. op der Arrivée un. Och hien ass an der selwechter Zäit, wéi de Gewënner iwwert d'Zillinn gefuer. Am General ass de Kevin Geniets, obschonns hien 9. ginn ass, de 7. op aacht Sekonnen.

E Mëttwoch geet et mat der zweeter Etapp iwwert 184 Kilometer vun Champcevinel op Ribérac weider.

D'Klassement vun der Etapp

1 SIMON Julien TotalEnergies 03:59:42
2 TRENTIN Matteo UAE Team Emirates ,,
3 ARANBURU Alex Movistar Team ,,
4 ALBANESE Vincenzo EOLO-Kometa ,,
5 VENTURINI Clément AG2R Citroën Team ,,
6 PAGE Hugo Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
7 GARCÍA CORTINA Iván Movistar Team ,,
8 CARDIS Romain St Michel - Auber93 ,,
9 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
10 BARTHE Cyril B&B Hotels - KTM ,,
...
110 RIES Michel Team Arkéa Samsic ,,

D'Generalklassement

1 SIMON Julien TotalEnergies 03:59:42
2 TRENTIN Matteo UAE Team Emirates 0:01
3 ARANBURU Alex Movistar Team 0:06
4 DUJARDIN Sandy TotalEnergies ,,
5 CARISEY Clément Go Sport - Roubaix Lille Métropole 0:07
6 ALBANESE Vincenzo EOLO-Kometa 0:08
7 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
8 MOLLY Kenny Bingoal Pauwels Sauces WB ,,
9 NICOLAU Joel Caja Rural - Seguros RGA 0:09
10 COSNEFROY Benoît AG2R Citroën Team ,,
...
112 RIES Michel Team Arkéa Samsic 0:10