Wéi d'UCI matgedeelt huet, ass de Kolumbianer wärend dem Tour de France 2022 zweemol positiv op d'Mëttel Tramadol getest ginn.

Den Nairo Quintana war dëst Joer beim Tour de France op déi 6. Plaz am General gefuer. De Kolumbianer gouf elo nodréiglech wéinst zwee positive Bluttester wärend der Course disqualifizéiert.

Wéi d'UCI e Mëttwoch matgedeelt huet, gouf a senge Blutttester vum 8. an 13. Juli Tramadol fonnt. D'Mëttel ass zanter 2019 duerch d'UCI verbueden, dat awer just wärend enger Competitioun. E positiven Test op Tramadol bedeit just ee Verstouss géint medezinesch Reegelen a kee Verstouss géint d'Anti-Dopping-Reegelen. Doduerch gëtt de Quintana net gespaart an e ka weiderhin u Courssen deelhuelen.

De Quintana huet elo 10 Deeg Zäit, fir géint d'Decisioun vun der UCI virzegoen. Sollt seng Disqualifikatioun bestoe bleiwen, da géing sech de Bob Jungels am General op déi 11. Plaz verbesseren.