Den Dän ka sech am Sprint virum Däitsche Pascal Ackermann an dem Holläner Danny Van Poppel duerchsetzen.

Nom Roudag e Méindeg ass et den Dënschden op der 16. Etapp iwwer 189,4 km relativ flaach vu Sanlúcar de Barrameda op Tomares gaangen.

Direkt nom Start konnte sech de Luis Ángel Maté an den Anders Oakamika ofsetzen an haten tëschenzäitlech eng Avance vu véier Minutten op de Peloton. Si goufen awer 14 km virun der Arrivée nees vum Peloton ageholl.

Mat der Victoire bleift de Mads Pedersen am grénge Maillot. De Remco Evenepoel ass mat engem Retard vun 8 Sekonnen op d'Arrivée komm. Domat huet sech de Retard vum Roglic op 1 Minutt a 26 Sekonne verklengert. D'Etapp ass mat enger dramatescher Schlussphas op en Enn gaangen. De Primoz Roglic war am Sprint mat vir dobäi, wéi e kuerz virun der Arrivée gefall ass.

Den Alex Kirsch kënnt mat engem Retard vun 19 Sekonnen op déi 32. Plaz an ass elo am General den 124., de Bob Jungels kënnt mat engem Retard vun 2 Minutten an 41 Sekonnen op déi 82. Plaz an ass elo am General op der 64. Plaz.

D'Klassement vun der Etapp

1 PEDERSEN Mads - Trek - Segafredo 4:45:29
2 ACKERMANN Pascal - UAE Team Emirates ,,
3 VAN POPPEL Danny - BORA - hansgrohe ,,
4 WRIGHT Fred - Bahrain - Victorious ,,
5 PACHER Quentin - Groupama - FDJ 0:08
6 BATTISTELLA Samuele - Astana Qazaqstan Team ,,
7 BEULLENS Cedric - Lotto Soudal ,,
8 RUSSO Clément - Team Arkéa Samsic ,,
9 EZQUERRA Jesús - Burgos-BH ,,
10 VAN DEN BERG Julius - EF Education-EasyPost ,,

...
32 KIRSCH Alex - Trek - Segafredo 0:19
82 JUNGELS Bob - AG2R Citroën Team 2:41

D'Generalklassement

1 EVENEPOEL Remco - Quick-Step Alpha Vinyl Team 61:26:26
2 ROGLIČ Primož - Jumbo-Visma 1:26
3 MAS Enric - Movistar Team 2:01
4 AYUSO Juan - UAE Team Emirates 4:49
5 RODRÍGUEZ Carlos - INEOS Grenadiers 5:16
6 LÓPEZ Miguel Ángel - Astana Qazaqstan Team 5:24
7 ALMEIDA João - UAE Team Emirates 7:00
8 ARENSMAN Thymen - Team DSM 7:05
9 O'CONNOR Ben - AG2R Citroën Team 8:57
10 HINDLEY Jai - BORA - hansgrohe 11:36

...
64 JUNGELS Bob - AG2R Citroën Team 1:55:35
124 KIRSCH Alex - Trek - Segafredo 3:15:49