De belsche Leader am General ka sech an enger spannender Schlussphas géint de Spuenier Enric Mas an den Holläner Robert Gesink duerchsetzen.

Op der 18. Etapp ass et iwwer schwéier 192 km mat dräi Bierger vun Trujillo op den Alto del Piornal gaangen.

No knapp 46 km hat sech eng Echappée vun 38, méi spéit 41 Cycliste forméiert, an där bis op d'Arrivée ëmmer méi ewechgefall sinn. D'Echappée hat tëschenzäitlech eng Avance vun iwwer 9 Minutten. Am zweete Bierg konnt sech e Grupp vu 6 Cyclisten, ënner anerem de Carapaz an de Pinot vum Spëtzegrupp ofsetzen.

E Grupp mam Evenepoel konnt sech vum Peloton ofsetzen an huet dunn d'Verfollgung vun der Echappée lancéiert. An der éischter Echappée huet dunn den Élie Gesbert ronn 10 km virun der Arrivée attackéiert. De Robert Gesink konnt sech dunn uschléissen. 6 km viru Schluss konnt sech dunn de Robert Gesink eleng duerchsetzen. Den Evenepoel an de Mas konnten d'Zäit op hie gutt maachen an um Enn war et dann de Remco Evenepoel, dee sech d'Victoire huele konnt an domat säi roude Maillot weiderhi behale kann.

De Bob Jungels kënnt mat engem Retard vun iwwer 12 Minutten op déi 47. Plaz. Den Alex Kirsch huet sech als 132. mat iwwer 35 Minutte Retard klasséiert.

D'Klassement vun der Etapp

1 EVENEPOEL Remco Quick-Step Alpha Vinyl Team 4:45:17
2 MAS Enric Movistar Team 0:02
3 GESINK Robert Jumbo-Visma ,,
4 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 0:13
5 ARENSMAN Thymen Team DSM ,,
6 PINOT Thibaut Groupama - FDJ ,,
7 O'CONNOR Ben AG2R Citroën Team ,,
8 AYUSO Juan UAE Team Emirates ,,
9 LÓPEZ Miguel Ángel Astana Qazaqstan Team ,,
10 ALMEIDA João UAE Team Emirates ,,

...
47 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 12:31
132 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 35:17

De General

1 EVENEPOEL Remco Quick-Step Alpha Vinyl Team 69:59:12
2 MAS Enric Movistar Team 2:07
3 AYUSO Juan UAE Team Emirates 5:14
4 LÓPEZ Miguel Ángel Astana Qazaqstan Team 5:56
5 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 6:49
6 ALMEIDA João UAE Team Emirates 7:14
7 ARENSMAN Thymen Team DSM 8:09
8 O'CONNOR Ben AG2R Citroën Team 9:34
9 URÁN Rigoberto EF Education-EasyPost 9:56
10 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 12:03

...
52 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 2:04:00
120 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 4:06:02