Den australesche Profi-Cyclist huet dëst op Twitter matgedeelt.

Zwee Joer no senger drëtter Plaz bei der Tour de France huet de 37 Joer ale Cyclist den Enn vu senger Karriär bekannt ginn. De Porte vum Team Ineos-Grenadiers konnt ënner anerem dräimol de Klassiker Paris-Nice, zweemol d'Tour Down Under, d'Tour de Romandie, d'Tour de Suisse an de Critérium du Dauphiné gewannen.

"Ech hat d'Chance, mam Vëlo fueren duerch d'Welt ze reesen," sou de Porte. Dëst hätt hie sech als klenge Jong nimools virstelle kënnen. Bei der Tour of Britain ass hien déi lescht Kéier als Profi matgefuer.