Optakt um Sonndeg vun der Weltmeeschterschaft am Cyclissem zu Wollongong an Australien.

Am Eenzelzäitfuere bei den Dammen huet d'Ellen van Dijk hiren Titel konnte verdeedegen. D'Hollännerin huet sech virum Grace Brown aus Australien an dem Marlen Reusser aus der Schwäiz duerchgesat.

Hei war keng Lëtzebuergerin um Depart. D'Christine Majerus ass jo blesséiert.

RTL

© AFP

Bei den Hären ass den Titel iwwerraschend fir den Tobias Foss. Den Norweger war 3 Sekonne méi séier wéi de Schwäizer Stefan Küng. Drëtten op 9 Sekonne gouf de Gewënner vun der Vuelta Remco Evenepoel aus der Belsch.

Och hei war keen FSCL-Coureur um Depart.