Déi 105. Editioun vum Giro dell'Emilia ass iwwer 198,7 Kilometer vu Carpi op San Luca gaangen.

Den Eric Mas huet e Samschdeg den Giro dell'Emilia an Italien gewonnen. De Spuenier huet sech bei der Eendagescourse knapp 2 Kilometer virun der Arrivée ofgesat a mat engem Virsprong vun 11 Sekonne virum Slowen Tadej Pogacar gewonnen. Drëtten ass den Italieener Domenico Pozzovivo ginn. Hien hat e Retard vu 14 Sekonnen.

De Michel Ries hat als 46. e Réckstand vu fënnef Minutten a 34 Sekonnen.

D'Resultat vun der Course

1 MAS Enric Movistar Team 200 125 4:55:31
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 150 85 0:11
3 POZZOVIVO Domenico Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 125 60 0:14
4 VALVERDE Alejandro Movistar Team 100 50 0:26
5 URÁN Rigoberto EF Education-EasyPost 85 45 0:31
6 FORTUNATO Lorenzo EOLO-Kometa 70 40 0:37
7 FERNÁNDEZ Rubén Cofidis 60 35 0:46
8 MOLARD Rudy Groupama - FDJ 50 30 0:53
9 FORMOLO Davide UAE Team Emirates 40 26 1:12
10 STORER Michael Groupama - FDJ 35 22 1:13
...
46 RIES Michel Team Arkéa Samsic 5:34