Déi 83. Editioun ass vu mëttwochs, den 20. September bis sonndes de 24. September.

Dat nächste Joer steet een net direkt a Konkurrenz mat der Weltmeeschterschaft. Déi ass nämlech schonns ugangs August zu Glasgow a Schottland.

Den Tour de Luxembourg ass och nach fir déi nächst 3 Joer an der sougenannter "ProSeries" mat dran. Dat hunn d'Organisateure matgedeelt.