Op der zweeter Etapp goung et iwwer 178,2km vun Novelda op Alto de Pinos. No senger Etappevictoire ass den Ciccone och neie Leader am General.

Hie behaapt sech virum Britt Geoghegan an dem Spuenier Bilbai, déi all an der selwechter Zäit gewäert ginn.

De Bob Jungels konnt sech am Sprint no 145,3km 2 Punkte sécheren, nodeems en als Fënneften iwwert de Stréch gefuer ass. Um Enn vun der Etapp kënnt hien als 48ten iwwert d'Arrivée, dat mat 9min53 Réckstand.

Am General ass den Ciccone elo neie Leader, virum Tao Geoghegan Hart (+4 Sekonnen) an dem Pello Bilbao (+5 Sekonnen). De Jungels ass hei op Plaz 47, mat engem Retard vun 10min03.

Top 10 vun der 2. Etapp

1 CICCONE Giulio Trek - Segafredo 4:38:59
2 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers 0:00
3 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 0:00
4 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe 0:01
5 LANDA Mikel Bahrain - Victorious 0:01
6 COSTA Rui Intermarché - Circus - Wanty 0:01
7 CHARMIG Anthon Uno-X Pro Cycling Team 0:02
8 ARANBURU Alex Movistar Team 0:02
9 GLOAG Thomas Jumbo-Visma 0:02
10 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 0:06

Top 10 vum Generalklassement

1 CICCONE Giulio Trek - Segafredo 9:17:00
2 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers 0:04
3 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 0:05
4 ARANBURU Alex Movistar Team 0:10
5 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe ,,
6 CHARMIG Anthon Uno-X Pro Cycling Team ,,
7 GLOAG Thomas Jumbo-Visma ,,
8 COSTA Rui Intermarché - Circus - Wanty ,,
9 LANDA Mikel Bahrain - Victorious ,,
10 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 0:16