
© AFP-Archiv
Den Hart gewënnt viru sengem Landsmann Thomas Gloag an dem Italieener Giulio Ciccone. De Bob Jungels reit sech op Plaz 59 an.
Op der hiwweleger Etapp vu Burriana op Alto de la Cueva Santa goung d'Victoire un de Britt Tao Geoghegan Hart, deen an der selwechter Zäit wéi d'Plazen 2 bis 9 iwwer d'Arrivée gefuer ass. De Mann am Maillot Jaune, de Giulio Ciccone klasséiert sech als Drëtten, hannert engem weidere Mann aus Groussbritannien, dem Thomas Gloag. De Lëtzebuerger Bob Jungels koum mat engem Retard vu 5'47'' op d'Plaz 59 vun der véierter Etapp.
Duerch seng Victoire an d'Zäit, déi hie guttgeschriwwe krut, ass de Geoghegan Hart elo Zweeten am General an huet véier Sekonne Retard op den Giulio Ciccone. De Spuenier Pello Bilbao verléiert eng Plaz an ass elo Drëtten. De Bob Jungels kënnt am Generalklassement elo op déi 43. Plaz, mat engem Retard vu 15 Minutten an 42 Sekonnen.
Klassement vun der Etapp
1 GEOGHEGAN HART Tao 4:32:00
2 GLOAG Thomas ,,
3 CICCONE Giulio ,,
4 VLASOV Aleksandr ,,
5 LANDA Mikel ,,
6 BILBAO Pello ,,
7 COSTA Rui ,,
8 RODRÍGUEZ Carlos ,,
9 ULISSI Diego ,,
10 MCNULTY Brandon 0:06
...
59 JUNGELS Bob 5:47
Generalklassement
1 CICCONE Giulio 17:02:46
2 GEOGHEGAN HART Tao 0:04
3 BILBAO Pello 0:07
4 VLASOV Aleksandr 0:08
5 GLOAG Thomas ,,
6 COSTA Rui 0:14
7 LANDA Mikel ,,
8 ARANBURU Alex 0:20
9 CHARMIG Anthon ,,
10 RODRÍGUEZ Carlos ,,
...
43 JUNGELS Bob 15:42