
© AFP
D'Hollännerin setzt sech kloer géint hir Landsfrae Puck Pieterse a Lucinda Brand duerch. Bei der U23 Männer gewënnt de Belsch Thibau Nys.
Um Samschdeg stoung d'Course vun den Damme bei der Weltmeeschterschaft zu Hoogerheide um Programm. Hei konnt sech déi 20 Joer al Fem van Empel de Weltmeeschtertitel sécheren. D'Hollännerin hat eng Avance vun 39 Sekonnen op hir gläichaltreg Landsfra Puck Pieterse. De Podium gouf vun der Lucinda Brand (+ 1'11'') komplettéiert. Vun de Lëtzebuergerinne war keng un den Depart gaangen.
An der Kategorie vun den Espoiren ass de Belsch Thibau Nys neie Weltmeeschter am Cyclocross. Den 21-järege Favorit konnt sech no knapp 51 Minutte Course ganz knapp virum Hollänner Tibor del Grosso an engem weidere Belsch, dem Witse Meeussen, duerchsetzen. De Joran Wyseure op Plaz 4 hat koum mat engem Retard vu fënnef Sekonnen an d'Zil. Den Nys huet d'Course vun Ufank bis op en Enn dominéiert a war de gréissten Deel eleng vir. Fir d'Stroossesaison gëtt den neie Weltmeeschter Coequipier vum Alex Kirsch bei Trek -Segafredo.
Bei der Course vun de Juniorinne gouf et e Samschdeg de Moien eng Première. Mam Isabella Holmgren als Gewënnerin geet nämlech fir déi éischt Kéier iwwerhaapt eng Medail am Cyclocross u Kanada. Hir Zwillingsschwëster Ava Holmgren huet sech Sëlwer geséchert a Bronze geet un d'Célia Gery aus Frankräich. Fir déi eenzeg Lëtzebuerger Cyclistin, d'Anouk Schmitz, gouf et um Enn eng 42. Plaz ënner 47 Konkurrentinnen.
Den Ausbléck vun den FSCL-Coureure fannt Dir hei an d'Course vun den U23 Damme mam Marie Schreiber kënnt um Sonndeg ab 12.45 Auer op RTL. Schonn um 11 Auer gi mam Noa Burton, Fynn Ury a Rick Meylender dräi Lëtzebuerger bei de Junioren an d'Course.
Klassement vun den Dammen
1 VAN EMPEL Fem 54:42
2 PIETERSE Puck +0:39
3 BRAND Lucinda +1:11
4 PERSICO Silvia +1:45
5 ALVARADO Ceylin +1:46
6 WORST Annemarie + 2:14
7 VAN DER HEIJDEN Inge +2:36
8 BETSEMA Denise +2:41
9 ROCHETTE Maghalie +2:55
10 CLAUZEL Hélene +3:02