De Michel Ries ass bei Paris-Nice aktuell de 65. am General op 14 Minutten an 42 Sekonnen.

De Kevin Vauquelin ass de Mann fir d'Generalklassement. Den Zweete vum Tour de Luxembourg aus dem leschte Joer ass en excellente Rouleur a wäert probéieren an de Bierger drun ze bléiwen. De Michel Ries an de Clément Champoussin wäerten dem Vauquelin an de Bierger zur Säit stoen. Am Fall vun engem Sprint setzt een op de Hollänner David Dekker an de Britt Daniel McLay.

Start an déi nei Saison

De Michel Ries geet a seng 5. Saison op héchstem Niveau. De Coureur vun Arkéa Samsic feiert den 11. Mäerz seng 25 Joer an ass gutt duerch de Wanter komm. A senger zweeter Saison bei der franséischer Ekipp huet een ambitionéiert Ziler an et schafft ee professionell.

Start an déi nei Saison
De Michel Ries am Interview

Ambitiounen a Programm 2023

De Giro d'Italia steet am Programm vum Michel Ries. Dat géif den 2. groussen Tour an der Karriär vum Lëtzebuerger ginn. 2020 war hie fir Trek - Segafredo d`Vuelta gefuer.

Programm fir 2023
De Michel Ries am Interview

Déi 5. Etapp vu Paris-Nice wéise mer vun 15.25 Auer u live.