Op der 13. Etapp vun der Vuelta goung et e Freideg iwwer 134,7 ganz schwéier Kilometer vu Formigal. Huesca la Magia op de Col du Tourmalet.

Et war eng Etapp, op där mam Col d'Aubisque, dem Col de Spandeles an dem Col du Tourmalet dräi ganz schwéier Bierger um Programm stoungen, déi och dacks am Tour de France gefuer ginn. An ee vun de grousse Favoritten hat e Freideg e richteg schwaarzen Dag erwëscht. De Gewënner aus dem leschte Joer, de Remco Evenepoel, huet fréi misse lassloossen an huet méi wéi 27 Minutte verluer.

Jumbo-Visma huet e Freideg komplett dominéiert. Den Tour-de-France-Gewënner Jonas Vingegaard wënnt d'Etapp en solitaire 30 Sekonne viru sengem Teamkomerod Sepp Kuss an 33 Sekonne viru sengem aner Teamkomerod Primoz Roglic.

Dës dräi leien dann och elo am General op den éischten 3 Plazen. De Sepp Kuss bleift de Leader an huet eng Avance vun 1 Minutt a 37 Sekonnen op de Primoz Roglic. De Jonas Vingegaard ass mat engem Réckstand vun 1 Minutt a 44 Sekonnen den Drëtten.

De Michel Ries hat e Freideg als 86. e Retard vun 31 Minutten a 57 Sekonnen op de Gewënner. Am General ass hien de 47. op 1 Stonn an 11 Minutten.
D'Top 10 vun der Etapp
1 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma
2 KUSS Sepp Jumbo-Visma 0:30
3 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 0:33
4 AYUSO Juan UAE Team Emirates 0:38
5 UIJTDEBROEKS Cian BORA - hansgrohe ,,
6 MAS Enric Movistar Team 0:40
7 LANDA Mikel Bahrain - Victorious 1:15
8 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe 2:12
9 CRAS Steff TotalEnergies 2:32
10 SOLER Marc UAE Team Emirates 3:08
...
86 RIES Michel Team Arkéa Samsic 31:57

D'Generalklassement no der 13. Etapp

1 KUSS Sepp Jumbo-Visma 20
2 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 1:37
3 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 1:44
4 AYUSO Juan UAE Team Emirates 2:37
5 MAS Enric Movistar Team 3:06
6 SOLER Marc UAE Team Emirates 3:10
7 LANDA Mikel Bahrain - Victorious 4:12
8 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe 5:02
9 UIJTDEBROEKS Cian BORA - hansgrohe 5:30
10 ALMEIDA João UAE Team Emirates 8:39