All Méindeg gëtt et eng nei Episod mat Invitéen aus der nationaler an internationaler Sportswelt.

Am RTL Podcast „Drëtt Hallschent, de Sport-Talk“ ass dës Woch de Rob Thillens eisen Invité.

Hien war zanter 2012 Sportskommissär an ass den 1. September an d'Pensioun gaangen.

De fréiere Sportsproff huet am Sport-Talk op déi lescht 8 Joer zeréckgekuckt, de Stellewäert vum Sport bei de Kanner analyséiert an iwwert seng Pläng fir d'Pensioun geschwat.

De komplette Podcast fannt Dir och op Spotify an iTunes.

Drëtt Hallschent Episod 4: Rob Thillens

Weider Episode vun "Drëtt Hallschent"