All Méindeg gëtt et eng nei Episod mat Invitéen aus der nationaler an internationaler Sportswelt.

An eisem Podcast Drëtt Hallschent - De Sporttalk, ass d'Christine Majerus d'Invitée beim Rich Simon an Tom Flammang.

Et gëtt zeréck gekuckt op dat leschte Joer an natierlech och no vir op déi nächste Méint déi kommen. D'Christine Majerus erzielt awer och, wéi et ass an enger vun de beschten Vëlosekippe vun der Welt ze fueren a sech an den Déngscht vu Weltmeeschterinnen ze stellen.

De komplette Podcast mam Christine Majerus fannt Dir och op Spotify an Itunes.

Drëtt Hallschent Episod 16: Christine Majerus

Weider Episode vun "Drëtt Hallschent"