Dës Woch ass de Jeff Henckels Invité am Podcast Drëtt Hallschent.

De Lëtzebuerger Bouschéisser hat ee komplizéiert Joer 2020 mat enger Blessur um Ielebou, déi hie sech bei enger Chute um Vëlo zougezunn hat.

Virun déck zwou Wochen huet de Jeff Henckels allerdéngs mat enger drëtter Plaz beim Grand Prix zu Antalya ee ganz staarke Retour gefeiert.

Mam Jeff Kettenmeyer a Franky Hippert huet hien ënnert anerem driwwer geschwat wéi hien iwwerhaapt zum Bouschéissen komm ass a wéi d'Chancë fir Tokio 2021 stinn.

Drëtt Hallschent Episod 30 mam Jeff Henckels

All d'Episode vun "Drëtt Hallschent" fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes.

RTL