D'Cyclocrossspezialistin ass eis Invitée am RTL Podcast "Drëtt Hallschent – De Sporttalk".

Dës Woch ass d'Marie Schreiber d'Invitée am Podcast "Drëtt Hallschent-De Sporttalk". Op der Cyclocross-Weltmeeschterschaft zu Fayetteville an den USA, ass dëst Joer eng ganz gutt 6. Plaz bei den U23 eraus komm.

Ënnert anerem doriwwer schwätzt de Rich Simon mat der Cyclocrossspezialistin an awer och iwwer de Wiessel bei 'Profien an iwwer de schoulesche Wee.

De komplette Podcast fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes.