Dës Woch ass den Dr Charles Delagardelle den Invité am RTL-Podcast "Drëtt Hallschent - De Sporttalk".

Des Woch ass den Dr Charles Delagardelle Invité am Podcast Drëtt Hallschent.

De Kardiolog huet mam Guy Seyler a Jeff Kettenmeyer ënnert anerem iwwer déi 7. Journée du Sportif Cardiaque geschwat, déi e Samschdeg am CHL ass.

Donieft geet et awer och ëm d‘Suitte vum Long Covid op d‘Häerz an d‘Risiken déi hei bestinn.

Den Dr Delagardelle sot ënnert anerem och, datt bei Fäll vun Häerzattacken wéi beim Futtballspiller Christian Eriksen oder elo rezent dem Vëlosprofi Sonny Colbrelli, hie géif ofroden, fir weider op deem Niveau Sport ze maachen.

Drëtt Hallschent Episod 67: Dr Charles Delagardelle



De komplette Podcast fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes.