Invité am Podcast "Drëtt Hallschent – De Sporttalk" ass dës Woch de Goalkeeper Ralph Schon.

Den 33 Joer ale Goalkeeper vun de Roude Léiwen ass eréischt virun 8 Joer déi éischt Kéier an de Kader vun der Lëtzebuerger Futtballnationaleqkipp geruff ginn. De Schoulmeeschter vu Beruff huet erzielt, firwat hien ni an der Futtballschoul vun der FLF zu Monnerech war.

Virun engem Match ass den Dagesoflaf beim Goalkeeper vum FC Wolz 71 ganz ritualiséiert. Virun zwee Joer ass de Ralph Schon och Papp ginn…dat war ronderëm e Rendezvous mat der Nationalequipe. Virum Match géint Irland war deemools e bëssen Hektik opkomm. De Loris ass awer eréischt den Dag no där Partie op d’Welt komm, an de Schon konnt souwuel dee Lännermatch spillen, wéi och bei der Gebuert vun sengem éischte Kand dobäi sinn.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 106 mam Ralph Schon