Drëtt Hallschent, de Sport-Talk
Mam Chris Leesch

Invité am Podcast "Drëtt Hallschent – De Sporttalk" ass dës Woch de Lëtzebuerger Motorradprofi.
De Chris Leesch war virun enger Woch mat senger Equipe RAC41 Chromeburner bei de 24 Stonne vu Le Mans am Asaz a koum um Enn an der Kategorie Superstock op déi 4. Plaz. Zejoert hat hie mat sengen Equipieren de legendäre Bol d'Or gewonnen.
De 27 Joer ale Profi huet och verroden, wéi laang hie brauch fir sech vun esou enger extremer Ustrengung ze erhuelen. Dann huet eis de Leesch awer och erzielt, wéi esou eng 24 Stonne Course ofleeft, wéi hie bei de Motorradsport koum, an ob hien als Lëtzebuerger vu sengem Sport ka liewen.
Podcast Drëtt Hallschent Episod 108 mam Chris Leesch
Am meeschte gelies