Invité am Podcast "Drëtt Hallschent – De Sporttalk" war dës Woch e Futtballspiller, dee rezent seng Schong un den Nol gehaangen huet.

Dës Woch ass den Tom Schnell Invité am Podcast Drëtt Hallschent. De Futtballspiller huet seng Schong rezent un de Nol gehaangen a schwätzt mam Jeff Kettenmeyer iwwert seng Zäit um héchste Lëtzebuerger Niveau, dem Exploit mam F91 an der Europa League a grouss Matcher mat der Nationalekipp.

Donieft erzielt hien awer och, wéi et dozou koum, datt hien an de fréiere franséischen Nationalspiller Philippe Mexès sech nom Match ënnerhalen hunn.

Den Tom Schnell huet déi lescht Saison fir Stroossen gespillt an erkläert, wisou et do net sou gelaf ass, wéi hie sech dat vläicht erwaart huet, an och, wisou seng Zäit an der Nationalekipp schonns 2016 eriwwer war.

De komplette Podcast mam Tom Schnell fann Dir och op RTL Play.