Dës Woch ass de Romain Thill Invité am Podcast "Drëtt Hallschent, de Sport-Talk".

De 84 Joer ale Funktionär war 70 Joer am Lëtzebuerger Futtball aktiv. D'lescht Saison huet hien deen éischte Championstitel vu sengem Swift Hesper materlieft. Um Holleschbierg hat de Romain Thill quasi all Funktioun, vu Spiller iwwer Stadionspriecher, bis President. Hie war awer och am Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun, ënnert anerem als Vizepresident, an och 35 Joer an der Jugendkommissioun vun der FLF. An eisem Podcast, dee mir virun de leschte Lännermatcher vun de Roude Léiwen opgeholl haten, huet de Romain Thill eis och erzielt, wéi säi Kontakt mam Gerson Rodrigues ausgesinn huet, wéi deen als klenge Bouf bei de Swift Hesper koum.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 117: Romain Thill