Dës Woch ass de fréieren Olympia- an Ironman-Triathlet Dirk Bockel Invité am Podcast „Drëtt Hallschent“

2013 gouf den Dirk Bockel Lëtzebuerger Sportler vum Joer. Am selwechten Joer huet hie mat der Victoire beim Challenge Roth säi wuel gréisste Succès a senger Karriär geféiert.

Den Dirk Bockel huet am Gespréich mam Jeff Kettenmeyer op dësen Erfolleg zeréckgekuckt, wéi hien domat ëmgeet, op Hawaii ni eng Podiumsplaz gepackt ze hunn, an et geet ëm d‘Erfarung bei den Olympesche Spiller 2008 zu Peking.

Ma och déi aktuell Situatioun am Triathlon an virun allem am internationalen Ironman war Thema. Donieft huet och dem Jan Frodeno seng leschte Course a senger Karriär op der WM zu Nice an dëser Episod net dierfe feelen.

De komplette Podcast mam Dirk Bockel fann dir op RTL Play.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 120: Dirk Bockel