Dës Woch ass de fréiere Formel 1-Ingenieur an elo RTL-F1 Expert Invité am Podcast „Drëtt Hallschent“.

De 44 Joer alen Ingenieur wollt ëmmer an d‘Formel 1 an huet säin Dram och erfëllt. Bei BMW huet d‘Aventure an der Kinneksklass vum Automobilsport ugefaangen. 2011 gouf hie bei Pirelli de Liaisonsingenieur mat Mercedes, éiert et dat Joer drop ganz bei d‘Ecurie mam Stär gaangen ass. Bei Mercedes huet den Dominique Riefstal all Weltmeeschtertitel vu senger Equipe a vun de Piloten Lewis Hamilton an Nico Rosberg matkritt. Ma och bei de legendäre leschte Ronne vun der Saison 2021 zu Abu Dhabi war de Lëtzebuerger dobäi an huet hautno materlieft wéi de Konkurrent Max Verstappen op Red Bull dem Lewis Hamilton a leschter Sekonn deem säin 8. Weltmeeschtertitel virun der Nues ewech geholl huet. Ma och d‘Zesummenaarbecht mam anere Rekordweltmeeschter Michael Schumacher, oder mat der fréierer Formel 1 Legend Nikki Lauda si Sujeten an eisem Podcast. Den Dominique Riefstahl ass aus private Grënn nees zeréck op Lëtzebuerg schaffe komm an ass lo no der Summerpaus eisen Formel 1-Expert hei bei RTL Lëtzebuerg

De komplette Podcast fannt dir op RTL Play.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 122 (Dominique Riefstahl)