E Freideg spillt Lëtzebuerg déi leschten 3 Matcher vun der Prequalifikatioun, dës Matcher gi live op Twitch iwwerdroen.

De 7. Abrëll huet Lëtzebuerg scho 4 Matcher gespillt. Am Match géint Frankräich hëlt Lëtzebuerg 1 Punkt, dat mat Hëllef vun engem Remis (0:0). Den 2. Match verléiert Lëtzebuerg 0:2.

An der Partie géint Dänemark gëtt wënnt Lëtzebuerg eemol 3:1 a verléiert eemol mat 2:4, wat 3 Punkte fir Lëtzebuerg bedeit.

Déi 2 Matcher géint Holland dogéint verléiert Lëtzebuerg mat 0:1 an 1:2, also keng Punkten aus Lëtzebuerger Siicht.

An och géint England hat Lëtzebuerg wéineg Chance, dat mat eemol enger 0:1- an eemol enger 1:4-Defaite, also 0 Punkten.

Matcher um Freideg, den 8. Abrëll 2022

Dir kënnt d'Matcher vun e Freideg am Livestream op Twitch suivéieren!

E Freideg spillt Lëtzebuerg géint Israel, dat um 17:00 Auer, um 17:55 Auer geet et da géint d'Tierkei an um 18:50 Auer steet de leschte Match vun de Prequalifikatiounen un, do da géint Ungarn. Déi 3 bescht Ekippen pro "Conference" qualifizéieren sech fir d'Playoffs vun de FIFAe Nations Series 2022.

Hei geet et op den offizielle Generalklassement vun der FIFA!

Detailer vun de Spiller aus der Lëtzebuerger Nationalekipp

De Lopes Pinto Vaz Moreira aka "Ivanilson" (Foto riets) huet 19 Joer a spillt beim RM Hamm Benfica. Hei geet et op säin Twitch, Facebook, Instagram an Twitter-Profil.

De Georges Geraldo aka "Lxbfifa" (Foto lénks) huet 22 Joer a spillt bei Swift Hesperange. Hei geet et op säin Twitch, Facebook, Instagram an Twitter-Profil.

Hei den Iwwerbléck vun den 3 éischte Spilldeeg vun der Saison

1. Dag, Divisioun 2 / 16.-17.12.2021

RTL

2. Dag, Divisioun 1 / 27.-28.01.2022

RTL

3. Dag, Divisioun 3 / 10.-11.03.2022

RTL