Iwwert 8 Wochen zitt sech dës 2. Saison vun der Orange eLeague, déi 2021 seng Première zu Lëtzebuerg hat. RTL huet um Mëttwoch den 3. Spilldag gestreamed.

Um Programm stoungen e Mëttwoch haaptsächlech 2 Renconteren am Fokus vum Livestream, eemol  Marisca Mersch géint Alliance Äischdall an dann nach Alisontia Steinsel géint Union Remich Bous.

Och dës Saison gëtt nees live hei op RTL.lu, RTL Play an natierlech dem offiziellen Twitch-Stream iwwerdroen. Sou verpasst dir kee Match vun der aktueller Orange eLeague-Saison am Fifa22. E Mëttwoch den Owend um 18.45 fänkt den 4. Spilldag vun der Orange eLeague un.

Hei geet et op den offizielle Site vun der Orange eLeague!