Am Kader vun der Orange eLeague ginn e Samschdeg de Mëtteg, no den Ekippe-Ronnen, d'Qualifikatiounen bei den individuelle Spiller ausgedroen.

15 Spiller kënnen sech hei qualifizéieren an trieden dann géint déi aner 32 Spiller vun den Ekippen aus der "Team Edition" an de Prestino un. De Prestino war jo an der leschter Saison an den Top 4 vun der Saison an sech direkt fir dës Ronn qualifizéiert.

Hei geet et op den offizielle Site fir sech nach bis 13.30 e Samschdeg unzemellen, den Turnéier selwer geet um 14.30 e Samschdeg un. Hei geet et direkt op den offiziellen Twitch-Stream vun der Orange eLeague!

Hei de komplette Communiqué vun der FLF als PDF!