Mat enger staarker Qualifikatiounsronn, wou hien sech och d'Pole geséchert huet, schléisst hien d'Course zu Abu Dhabi perfekt mat enger Victoire of.

Zweete gouf den "XRT_Krimo", deen an da Qualifikatioun net gutt ofgeschnidden hat an als 18. an d'Course gestart ass. Am Renne konnt hien awer, scho wéi d'lescht Saison, weisen, dass hien e gudde Fuerer ass an huet sech bis op déi 2. Plaz erop geschafft.

Säin Teammate den "Stejuventino" koum mat enger staarker Leeschtung op eng gutt 4. Plaz. Si sécheren sech soumadder dann och déi éischte Plaz an da Konstrukteur-WM.

RTL

© LFR

Den "MutzkaTheRage" gehéiert dann zu den den Underdogs. Keen huet mat him an dëser Course gerechent. An der 1. Ronn krut hien e Fligel-Schued krut an hat sech deels scho selwer ofgeschriwwen.

Mä duerch seng super Leeschtung an sengem konstante Fueren, huet hie sech du schlussendlech op de Podium eropgefuer an déi 3. Plaz geséchert.

RTL

© LFR

Vum Päsch verfollegt gouf den "Asinati" de Weltmeeschter vun der Saison 1. Hien huet d'Course leider mat engem DSQ fréizäiteg op en Enn bruecht.

Déi nächst Course ass e Méindeg zu Singapur.

RTL
RTL