An der Liga 2 ass zu Monaco en onberechenbare Grand Prix gefuer ginn.

Liga 1: Een onberechenbare GP zu Monaco.

Op dem héichkomplexe Circuit geet et drëms, sech sou séier wéi méiglech op enkstem Raum fortbeweegen ze kennen. Hei gëtt all Feeler mat engem Fligelschued oder engem DNF bestrooft. Och d’Startpositioun spillt bei dësem GP eng grouss Roll, vue dass d’Iwwerhuelen op dëser Streck kaum bis guer net méiglech ass.

Sou konnt sech de Krimo mat enger Impressionanter Qualifikatiounszäit vun 1:08.887 d’Pole-Positioun sécheren. Direkt hannendrun ass den Asinati mat bëssen Ofstand op déi 2. Platz gefuer (1:09.580). Direkt beim Start konnt sech den Asinati géint de Krimo duerchsetzen an ass vun do un fir wech gefuer, ma ass sech awer duerch ee Brems-Feeler ee Fligelschued siche gaangen an ass op déi drëtt Platz zeréck gefall. De Brickz, deen als drëtte gestart ass, konnt sech op d’Plaz 2 no vir kämpfen an de Krimo huet duerch säi feelerfräit Fueren déi éischt Platz geholl.

Fir eng kleng Iwwerraschung konnten déi zwee Aston Martin-Fuerer suergen, déi béid fir d’éischte Kéier zesummen an d‘Punkte konnte fueren. De FlexDiamond konnt sech déi véiert Platz sécheren, wärend de Fabfreezy op déi 5. Plaz gefuer ass.

Nächst Woch geet et dann an den USA um COTA Circuit an déi nächst Ronn.

RTL

© LFR

RTL

Liga 2: Skandal dréckt eng richteg staark Course vum Gewënner e wéineg an den Hannergrond

Déi lescht Course fir des Monaco Woch ass dann reservéiert fir d'Liga 2 wou den OG_Topfmeister sech konnt am Qualifying d'Pole-Position ergatteren, sou dass hien déi beschte Chance hat op d'Victoire.

D'Course war dunn awer bëssen méi chaotesch... Den Aiim_Devil hat en freien DNF obwuel hien ganz staark ënnerwee war. Den LuxRacer hat och puer Mol Pech an huet och dowéinst um Schluss den Auto misse stoen loossen.

Mee deen gréisste Verléierer ass wuel den Topfmeister deen e puer Mol d'Mauer beréiert huet a sech sou Schued zougefüügt huet. Den Capdo konnt dovunner profitéieren an sou d'Rennen fir sech entscheeden.

Dëst gouf awer alles an den Hannergrond gedréckt, duerch den éischten Skandal an da LFR: den Duddilux huet en aneren fir sech fueren gelooss a gëtt dofir als Strof aus dem Championnat vun da Liga 2 erausgeholl an an d'Liga 3 versat, wou hien dann och seng Stammplaz verluer huet.

Nächst Woch geet et Richtung Amerika.

RTL

© LFR

RTL

© LFR

Liga 3: Domination vum Schmatt op dem Fierowend vun Nationalfeierdaag!

Monaco, eng Streck, op där all Fuerer sou seng Probleemer huet, war den Circuit, op dem sech Liga 3 dann och huet misse beweisen.

De Schmatt huet um Mëttwoch richteg dominéiert, sech d'Pole-Position am Qualifying geséchert, déi 1. Plaz am Rennen geholl, plus déi schnellste Ronn an dann nach stroffräi dobäi. De Schmatt ass elo offiziell am Rennen ëm d'WM an da Liga 3.

Dobäi huet den Tothetree och eng mega gutt Performance geliwwert, mat enger staarker Leeschtung am Rennen konnt hie sech och ganz wichteg Punkten sécheren.

Den BlasterJaxx an den LUCA missten sech dann leider mat de Plazen 2 an 3 zefridde ginn. Si konnten einfach net mam Tempo vum Schmatt mathalen.

D'nächst Woch geet et an Amerika, wou den Titelkampf sech sécher wäert nach méi zouspëtzen.

RTL

© LFR

RTL

© LFR

Preview fir d'nächst Woch

Dës Woch geet et an d'USA, wou LFR dann present ass op dem Circuit of the Americas.

D'Streck, déi bekannt ass duerch hier S-Kéieren an engem schwéieren 3. Sektor, gëtt eng richteg Erausfuerderung fir all Fuerer.

Gesinn kënnt da Coursen um offiziellen LFR Youtube Channel an zwar dat en Méinden (Liga 1), Mettwoch (Liga 3) an en Donneschden (Liga 2).

RTL

© LFR